Sang a sprang mat mir

An deenen villen flotte MuMo-Coursen si mir no a no ëmmer méi op de Goût komm, eis Lidder an Texter selwer ze komponéieren an ze schreiwen. Laang war et just eng Idee, elo hu mir eis dru gesat an hei ass et elo: Eist MuMo-Lidderbuch mat de schéinste Lidder a Reimer aus eise Coursen.

An Zesummenaarbecht mat der Iechternacher Regional Museksschoul konnte mir wonnerbar Audioopnamen ophuelen, déi Dir op der CD oder per Download um Enn vun eisem Buch fannt.

 

Sidd Dir firwetzeg? Hei fannt Dir en Extrait vun der CD/Download.

 

Fir dest Buch mat CD/Download ze bestellen, iwwerweist den Präis vun

22 euro (+3 euro Porto) op eisen Compte:

Dominique Steiner a Martine Majerus,  LU82 0019 5255 5522 6000, BCEELULL

mam Vermierk: Buch + Aere komplette Numm mat Adresse

an mir schécken Iech aert Buch Heem.

Mir wënschen Iech ganz vill Spaass beim Sangen, Wibbelen an Danzen!