Eis MuMo-Gruppen

„MuMo“ – Butzen: Fir di Allerklengsten ab 10 Wochen

Di éischt Zait mat eisem Butz ass gläichermoossen intensiv an beréierend fir di Kleng an di Grouss. Et brauch Zäit fir sech openeen anzestellen an e gemeinsamen Rhythmus ze fannen.

Eisen Butz erlieft sech an seng Ëmwelt als alleréischt mat sengem Kierper. Dofir sinn eis Beréierungen, d’Aart a Weis wéi mir den Butz versuergen (beim Wéckelen, Leen an Ophiewen..), eis Stëmm an eisen eegenen Rhythmus ganz besonnesch wäertvoll.

Mat éischten Beweegungsspiller, Babymassage an Ureegungen fir all eis Sënner schafen mir e flotten Moment an ënnerstëtzen dobäi di gesond an natierlech Beweegungsentwécklung vum Kand.

Kuerz an effektiv Entspanungstechniken hëllefen eis Erwuessener fir och an deenen méi ustrengenden Momenter net aus der Rou ze kommen.

Mam Martine

„MuMo“ – Wibbeler: Fir kleng Entdecker ab 4 Méint

Déi alleréischt Zäit vum gemeinsamen Kenneléieren an sech openeen astellen ass schonn gemeeschtert an den Butz freet lues a lues no méi: Sech dréinen, Gräifen, Kucken an den eegenen Kierper entdecken gëtt ëmmer méi interessant. An dësem Cours dréint sech dofir alles ëm d’Beweegung an d’Sënner, ganz am eegenen Rhythmus vun all Kand. Awer och Raschten an Entspanen bleift wichteg fir den Butz a fir eis Erwuessener, well all nei Entdeckung braucht Zäit a Rou fir gutt verschafft ze ginn.

Mam Martine

„MuMo“ -Zwergen:  Fir Kanner ab 9 Méint mat hiren Elteren, Grousselteren…

Beweegung erliewen an den Kierper mat all eisen Sënner entdecken. D’Welt vun den Kläng, Geräischer an den Instrumenter ausprobéieren. Eis entspanen an zesummen Freed un der Beweegung an der Musek hunn.

Mam Dominique an Martine

 

„MuMo“-Piraten: Fir Kanner ab 2 Joër mat hiren Elteren, Grousselteren…

Zesummen entdecken mir d’Musek, d’Geräischer an d’Kläng mat Lidder an Instrumenter an alles wat eisen Kierper schonn kann duerch Beweegungsspiller, Spilllandschaften an villes méi.

Mam Dominique an Martine